arrow_back_ios
Klassik Aktuell
En emotional geluedent Wierk
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Et ass eent vun deene Wierker, dat de Gerry Welter virum Enn vu senger Karriär nach emol dirigéiere wëllt: De "Stabat Mater" vum Antonin Dvořák. En Donneschdeg, 2. November geet dëse Wonsch an der Méchelskierch an Erfëllung. D'Kompositioun steet do mam Méchelschouer, véier Solisten an dem Orchester Estro Armonico op der Affiche. De Luc Boentges schwätzt mam laangjäregen Dirigent vum Chouer iwwer d'Wierk, wat et esou besonnesch mécht, a wisou et esou emotional gelueden ass.
mic_none
Presentéiert vum
- Luc Boentges