Klassik Aktuell
En neie Label zu Lëtzebuerg
8 min
Déi éischt Produktioun vum neie Label Luxembourg Classics kënnt haut (21.06.) eraus. De Label gëtt et offiziell zanter Abrëll. Dräi weider Releasë si schonn annoncéiert. Luxembourg Classics soll awer net nëmmen als Label oder Distributeur agéieren, mee och eng nei Plattform bidden, déi Artisten hëlleft eng Karriär opzebauen.
De Christophe Mirkes huet mam Grënner Marco Battistella iwwer dës Ambitioune vu Luxembourg Classics geschwat an och all Froen zum Finanzement an zu de Strukturen hannendru beäntwert kritt.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes