Klassik Aktuell
Energie héich zwee um Piano
6 min
Beim Wuert “Illusions” denkt ee jo éischter un abstrakt Saachen. Beim neien Album vum AHHA Piano Duo kritt dëst Wuert bal eng nei Bedeitung. Hei sinn et d’perséinlech Erënnerungen a Begéinunge mat Mënschen. Kuerz gesot: déi Momenter, déi eis fir ëmmer an Erënnerung bleiwen.
Een zu 100 Prozent polneschen Album
D’Musek op dësem Album ass geschriwwe vum Darek Janus. Hien ass e polnesche Komponist a Pianist, deen och Course gëtt an der nationaler Akademie fir dramatesch Konscht zu Warschau. Déi zwou Pianistinne vum AHHA Piano Duo kommen och aus Polen: d’Aleksandra Hałat an d’Agata Hołdyk.
Eng musikalesch Fusioun
D’Aleksandra Hałat an d’Agata Hołdyk spille schonn zanter Joren zesummen a bréngen et fäerdeg, ze klénge wéi aus zwou Hänn am Plaz vu véier. Et ass, wéi wann d’Energie an d’Spillfreed vun enger Pianistin duerch déi aner fléisst – eng Fusioun vun Talenter.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel