Klassik Aktuell
Eng Saison mat villen Anniversairen
8 min
D'Saison 2024/2025 ass net nëmmen dem Gustavo Gimeno seng zéngt als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, mee och seng lescht. Dofir gëtt et e grousse 'Farewell Concert' mat Musek vum Lëtzebuerger Komponist Georges Lentz. Och eng ganz Rei aner Komponisten a Museker aus dem Land sinn am Programm vun der nächster Saison vertrueden, dorënner och ee vun de 'Rising Stars'.
Eppes fält awer op: Et gëtt keng grouss Feier fir den 20. Gebuertsdag vun der Philharmonie. De Christophe Mirkes war op der Pressekonferenz a verréit am Gespréich mam Marie Schockmel ob de Jubiläum da wierklech guer net gefeiert gëtt.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes