Klassik Aktuell
"Falsche Noten zählen nicht"
7 min
"Bitte fragen Sie" war 2010 den Titel vum éischte Buch mat Musekerinterviewen, dat den Alain Steffen - fréiere Mataarbechter vum radio 100,7 - erausbruecht hat. D'Konzept hat Succès, an esou koum 2014 een zweete Band "... und auf einmal kann ich fliegen". Elo gëtt et och eng drëtt Sammlung mat Musekergespréicher, déi den Alain Steffen an deene leschte Jore gemaach huet. Dirigenten, Solisten, eng Dänzerin, een Architekt an een Touningenieur kommen dës Kéier zu Wuert. De Guy Engels huet sech mam Alain Steffen iwwer dësen drëtte Band ënnerhalen.
Presentéiert vum
- Guy Engels