Physik ass relax
/ Fotosynthees vun de grénge Planzen: déi wichtegst bio-cheemesch Reaktioun op der Äerd
Fotosynthees vun de grénge Planzen: déi wichtegst bio-cheemesch Reaktioun op der Äerd
10 min
Firwat sinn déi Planzen all gréng?
Well si dee gréngen Undeel vum wäisse Liicht reflektéieren. Dee bloen a rouden Undeel absorbéieren se, si huelen also Sonneliicht, dat heescht, Sonnenenergie op. Déi zoustänneg Substanz duerfir ass de Chlorophyll, dee sech an de Chloroplaste vun de Planzenzelle befënnt. Mat Hëllef vun der absorbéierter Energie leeft dann déi berüümt-berüchtegt Fotosynthees of, déi ee mat rouegem Gewëssen als déi wichtegst bio-cheemesch Reaktioun fir d’Liewen um Planéit bezeechne kann.
Den André Mousset beweist nees, datt Physik relax ass.
Presentéiert vum
- Angie Maquil