Genuddels a Gejiips
Genuddels a Gejiips
60 min
D'Miki Yamanaka, gebierteg aus Kobe a Japan, gehéiert mëttlerweil zur Jazz-Zeen vun New York an huet sech do schonn e gudden Numm gemaach. Si huet am September en Album erausbruecht, op deem si staark un hirem Band-Sound geschafft huet, an dat zesumme mam Jimmy MacBride, dem Tyrone Allen an als Gaascht dem Mark Turner.
Zu Tilburg gëtt et eng nach jonk a feiereg Big Band, déi ëmmer erëm en neie Programm op d'Bee stellt: de Paradox Jazz Orchestra.
An aus der Këscht vun de Retrouvaillë kënnt ee Schwäizer Live-Datum vum Cannonball Adderley Sextet mat enger qualitativ héichwäerteger Opnam aus dem Joer 1963.
Playlist:
1. Miki Yamanaka - That Ain’t Betty
2. Miki Yamanaka - Shades of Rainbow
3. Miki Yamanaka - GIN
4. Paradox Orchestra - Blue Lew
5. Paradox Orchestra - And that’s what I said to my Lass
6. Paradox Orchestra - The Birth of the Blues
7. Cannonball Adderley Sextet - Bohemia After Dark
8. Cannonball Adderley Sextet - Work Song
9. Cannonball Adderley Sextet - Unit Seven