Wéi hu sech eis Iessgewunnechte par Rapport zu fréier verännert? Wat ass nach bliwwe vun de Jeeër a Sammler a wéi wäerte klimatesch a wirtschaftlech Verännerungen déi mënschlech Ernärung veränneren, an zanter wéini gëtt et eigentlech e Frigo? Dat si Froen, déi an der neier Expo "All you can eat" am Lëtzebuerg City Musée beäntwert ginn.
De Curateur Mohamed Hamdi hëlt eis mat op eng Visitt.