arrow_back_ios
Album vun der Woch
Jonathan Rado - For Who The Bell Tolls For
Maximalistesch Trauer mat enger uerdentlecher Portioun Humor, sou beschreift de kalifornesche Museker Jonathan Rado säin neien, mëttlerweil drëtte Soloalbum “For Who the Bell Tolls For”. Op dësem veraarbecht de Multiinstrumentalist vun der Indierock Formatioun Foxygen den Dout vun zwee gudde Frënn mat enger Portioun Glamrock an Indiepop a beweist wéi vill Liewen an der Trauer stieche kann.