Panorama
Mëttespanorama
12 min
1. Gëschter hat de Finanzminister ugekënnegt, datt d'Accisen um Tubak géifen erhéicht ginn, haut war et d'Prezisioun: Den 20er-Pak wäert ronn en hallwen Euro méi kaschten
2. D‘Chambre de Commerce begréisst ausdrécklech d’Baisse vun der Betribssteier ëm ee Prozentpunkt vun 2025 un
3. Déi schwaarz-blo Koalitioun wier reaktionär a populistesch. D'LSAP huet an engem éischte Bilan vun der Regierungsaarbecht net mat Kritik gespuert
4. Fraen hunn 2022 beim Stonneloun méi verdéngt wéi Männer. Beim Joresgehalt ass de sougenannte Gender Pay Gap awer nach zu Gonschte vun de Männer
Presentéiert vum
- Paule Rodesch