Panorama
Mëttespanorama
12 min
1. De Mouvement écologique begréisst d'Ambitioun vun der Regierung, fir méi héich an dicht ze bauen. Dat dierft allerdéngs net egal wou geschéien, betount d'Presidentin Blanche Weber.
2. déi Gréng stinn an der Diskussioun iwwert d'Pensiounsreform op der Säit vun de Gewerkschaften, seet de gréngen Deputéierte François Bausch.
3. Den 28. Mäerz gëtt d’Uerteel am Prozess vum Architektebüro Valentiny géint de Schengener Schäfferot gesprach, gouf haut um Stater Geriicht festgehalen.
4. An der Gemeng Réiden/Atert gëtt et Sträit wéinst dem Kropemannsfest. 6 Persounen hunn aus dem Organisatiounscomité demissionéiert.
Presentéiert vum
- Paule Rodesch