Panorama
Mëttespanorama
1. Lëtzebuerg ass 2023 an der Rezessioun: dat seet elo och de STATEC, 2024 soll d’Wirtschaft erëm schwaach, ëm zwee Prozent wuessen
2. De Chômagetaux klëmmt am November op 5,7 Prozent, 17.439 Persoune ware bei der Adem ageschriwwen, eng Hausse vu bal 20 Prozent op ee Joer gekuckt
3. Duerchbroch bei de Verhandlungen iwwer d‘Asylreform an der EU: No jorelaangen Diskussioune gouf en Accord fonnt
4. A Frankräich gouf dat ëmstriddent neit Immigratiouns-Gesetz gëschter Owend am Parlament ugeholl
5. Am Noen Osten gëtt et Hoffnung op eng eventuell nei Waffepaus, de Chef vun der Hamas ass de Moien zu Kairo an Ägypten ukomm fir doriwwer ze verhandelen
Presentéiert vum
- Françoise Medernach