Panorama
Mëttespanorama
1. De Parquet huet e Mannerjäregen op Schraasseg an de Prisong placéiert well keng Plaz zu Dräibur fräi ass
2. Den Heescheverbued, deen elo awer an der Stad agefouert gëtt, stéisst op Kritik
3. Den Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch wier sou grouss wéi nach ni, seet de Commissaire fir d‘Lëtzebuerger Sprooch Pierre Reding am 100,7-Interview
4. D‘COP28 geet an d‘Verlängerung: fir den Ëmwelt- a Klimaminister Serge Wilmes ass kloer, datt en Ausstiig aus de fossillen Energien néideg ass
5. Muechtwiessel a Polen: dem Donald Tusk seng nei pro-europäesch Regierung stellt sech de Mëtteg engem Vertrauensvotte am Parlament zu Warschau
Presentéiert vum
- Françoise Medernach