Panorama
Mëttespanorama
12 min
1. De Mieterschutz ass skeptresch, datt déi ugekënnegt Moossname vun der Regierung wierklech zu enger Léisung vum Logementsproblem wäerte bäidroen.
2. D’UNICEF fuerdert, datt Kanner manner an Heemer a méi a Fleegefamillje sollte placéiert ginn. Fir méi Familljen ze rekrutéieren, misst de legale Kader verbessert ginn. D‘Vereenegung vun de Fleegeeltere bedauert awer, datt dat geplangte Gesetz iwwert de Jugendschutz d‘Rechter vun de Fleegefamillen net stäerkt.
3. An enger Grondschoul zu Hollerech steet e Sportsenseignant an der Kritik, nodeems hien eng 7 Joer al Schülerin gezwongen huet buerféiss vun der Piscine op de Bus ze goen. Den Educatiounsministère kënnegt Konsequenzen un.
4. An der Gemeng Péiteng waarden aktuell 459 Leit op eng Plaatz an enger Maison Relais. Dat huet ons de Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf op Nofro hin confirméiert.
5. D‘Inflatioun an der Eurozon wäert viraussichtlech méi séier falen, wéi nach am Hierscht erwaart. D‘EU-Kommissioun huet hir Previsioune fir dëst Joer op 2,7 Prozent erofgesat, en halwe Prozentpunkt manner wéi an hirer viregter Estimatioun.
Presentéiert vum
- Paule Rodesch