Panorama
Moiespanorama
Ungarn huet hënt zu Bréissel eng EU-Finanzhëllef an Héicht vu 50 Milliarde Euro blockéiert: Déi aner 26 EU Staaten ware sech an dësem Punkt, wéi och bei der Revisioun vum EU-Budget eens.
Haut trëtt dat neit Policereglement an der Stad Lëtzebuerg a Kraaft mat deem ënner anerem d'Heesche verbuede gëtt
D’Chamber huet gëschter eestëmmeg gréng Luucht gi fir der internationaler Entwéckelungsassociatioun e Bäitrag an Héicht vun ronn 61 Milliounen z’accordéieren.
D‘USA probéiere weider Israel anzebremsen wat d‘Militäraktioun a Gaza betrëfft
Eng séier Léisung am Finanzsträit ëm amerikanesch Militärhëllef fir d‘Ukraine ass vum Dësch
Presentéiert vum
- Sophie Morang