Klassik Aktuell
Musikalesch Erënnerungen aus der Kandheet
Erënnerungen aus der Kandheet - där kann ee vill hunn. A Fotoe vun deemools hunn déi meescht och nach. Dat ass och bei der Albena Petrovic a beim Roby Steinmetzer de Fall. A si zwee hu jeeweils ee Musekswierk doriwwer geschriwwen - dat ganz passend zum Motto “Memory” fir de Festival rainy days an der Philharmonie. An dëse Sonndeg ginn dës Wierker fir d’alleréischte Kéier vum Ensembel Ars Nova Lux opgeféiert, zesumme mat Erzielungen aus der Carla Lucarelli hirer Autobiografie “Enfance, instantanés - à l’aube de la mémoire”. D‘Albena Petrovich an de Roby Steinmetzer erzielen dem Marie Schockmel aus hire Kandheetserënnerungen a vun hiren neie Wierker doriwwer.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel