Klassik Aktuell
My Opera World – Derrière les notes
7 min
“My Opera World” – esou heescht dat éischt Buch vun der Albena Petrovic. Déi lëtzebuergesch Komponistin ass 1996 op Lëtzebuerg komm, an huet sech zanterhier an der Welt vun der klassescher Musek e groussen Numm gemaach. Iwwert 600 Wierker huet si scho geschriwwen, a néng dovunner sinn Operen. Den Donneschde 15. Februar gëtt et an der BNL eng Diskussiounsronn iwwert d’Buch, an do sengt d’Mezzo-Sopranistin Naama Liany och Musek vun der Albena Petrovic. D’Marie Schockmel huet sech mat der Musekerin iwwert hiert hir Karriär an iwwert d‘Buch ënnerhalen.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel