Klassik Aktuell
Opera GO
10 min
“Pokemon GO” ass ee Spill um Handy, bei deem een unhand vun Augmented Reality Pokemonen afänke kann - mee de Lëtzebuerger Ensembel fir zäitgenëssesch Musek Lucilin huet zesumme mat der Volleksbün aktuell e Projet mam Numm “Opera Go”. Do geet een duerch d’Stad op eng Zort Juegd no Schätz, an et fänkt ee souzesoen Operen a fir se ze lauschteren an ze entdecken. Deel vun dësem Projet ass och e Live-Concert vu Lucilin - an zwar am Café De Gudde Wëllen an der Stad. Dës Woch ass dat nach dräimol - an de Jeff Schinker huet sech dofir mat der Metteuse en Scène Anne Simon ënnerhalen - fir d'éischt doriwwer, datt dëse Projet gutt bei d'Projete passt, déi d'Volleksbün wärend der Pandemie op d'Bee gestallt huet.
Presentéiert vum
- Jeff Schinker