Klassik Aktuell
Orchestre Philharmonique de Thionville
Och wann den Orchestre Philharmonique de Thionville dëse Weekend (26.11.) fir d'éischte Kéier an der Philharmonie optrëtt, gëtt et den Orchester awer schonn zanter méi wéi 150 Joer. Nach méi erstaunlech ass et dann, datt all Museker:innen ouni Gage, just op fräiwëlleger Basis, matspillen. An dat sinn net nëmmen Instrumentalisten aus der Lorraine, mee och Lëtzebuerger spille reegelméisseg am Diddenuewener Orchester.
Fir de Frédi Creola, deen iwwer déi lescht 40 Joer d'Concerte vum Orchester organiséiert huet, ass d'Première an der Philharmonie an engems och deng Dernière. Duerno soll d'Organisatioun an d'Hänn vu méi jonke Leit geluecht ginn.
Am Interview mam Christophe Mirkes huet de Frédi Creola erzielt, ëm wat hie sech als Initiateur vum Orchester gekëmmert huet, a wéi ee Programm hie fir säi leschte Concert zesummegestallt huet, engem Concert, dee Museker aus der Lorraine a vu Lëtzebuerg matenee verbënnt.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes