Panorama
Owes-Panorama
11 min
1. D’Entlosse vum François Georges als Direkter vun der LCGB-Beschäftegungsinitiativ ProActif ass drop zréckzeféieren, dass hien de President Norbert Conter virun Zeien aggresséiert huet.
2. Südafrika huet een dréngenden Appell un den Internationalen Geriichtshaff zu Den Haag gemaach, ze préiwen ob déi annoncéiert israelesch Militäroperatioun an der Stad Rafah an der Gazasträif rechtsméisseg ass.
3. No wochelaange Verhandlungen huet den US-Senat haut een Hëllefspak a Milliardenhéicht fir d’Ukrain accordéiert.
4. Am Senegal hunn d‘Autoritéiten ee Protest-Marsch verbueden, dee fir haut geplangt war.
5. Duerch staarke Reen goufen Deeler vun der beléifter tierkescher Vakanzendestinatioun Antalya iwwerschwemmt.
Presentéiert vum
- Marlène Clement