Panorama
Owes-Panorama
11 min
1. D’DP-Politikerin Simone Beissel entschëllegt sech fir hir Aussoen iwwer Heescherten, déi si an enger Emissioun mat der fréierer CSV-Politikerin Astrid Lulling gemaach huet.
2. D’Caritas fuerdert, datt de Revenu d’inclusion sociale - kuerz REVIS iwwerschafft a gestäerkt gëtt.
3. De Finanzminister Gilles Roth war zu Berlin fir eng offiziell Visitt bei sengem däitschen Homolog Christian Lindner.
4. 18.317 Persoune waren Enn Januar am Chômage, 2.500 méi wéi virun engem Joer. De Chômagetaux bleift bei 5,5%.
5. Am Fall Julian Assange war haut déi éischt vun zwou Audienze virun dem High Court zu London. Et ass dem Wikileaks-Grënner seng lescht Chance sech géint d‘ Ausliwwerung an d‘USA ze wieren.
Presentéiert vum
- Marlène Clement