Panorama
Owespanorama
12 min
1. De Patronatsverband UEL kritt en neien Direkter. De Marc Wagener trëtt vum 17. Juni un d‘Nofolleg vum Jean-Paul Olinger un.
2. Den Yves Stein gëtt den neie President vun der ABBL, als Nofolger vum Guy Hoffmann, deen elo Vize-President ass.
3. 116 Betriber hunn eng Demande fir Chômage partiel fir de Mount Mee agereecht. Dovunner kruten der 111 hir Demande vum Konjunkturcomité accordéiert.
4. Et ass wichteg d‘Ukrain weider ze ënnerstëtzen, dofir soll an der Schwäiz eng Friddensreunioun organiséiert ginn. Dat sot eis den Ausseminister Xavier Bettel nom Treffen haut vun den EU-Aussen- a Verdeedegungsministeren zu Lëtzebuerg.
5. Den Iran huet eegenen Aussoen no net Wëlles seng nuklear Doktrinn ze iwwerdenken an et sollen och keng Atomwaffe gebaut ginn.
Presentéiert vum
- Marlène Clement