Panorama
Owespanorama
11 min
1. D’Chambre de Commerce warnt virun ze vill positive Perspektiven, wat de Budgetsprojet 2024 ugeet. Dee géif op e Wuesstem vum PIB vun zwee Prozent setzen, dat obwuel Lëtzebuerg an enger Wuesstumspann géing stiechen
2. Den Aarmutsrisiko vu Kanner bis 17 Joer läit aktuell zu Lëtzebuerg bei 24 Prozent. Dat geet aus dem Joresrapport 2023 vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher ervir, deen haut an der Chamber presentéiert gouf
3. Vun haut bis e Sonndeg ass déi europäesch Campagne fir Sécherheet op der Strooss, de sougenannte Speedmarathon, bei deem och déi Lëtzebuerger Police matmécht: an deem Kader ginn e Freideg wärend 24 Stonne verstäerkt Vitesskontrolle gemaach
4. An Israel koum de Mëtteg de Krichscabinet fir d‘zweete Kéier bannent 24 Stonnen zesumme fir ze beroden, wéi Israel op déi iranesch Attacke vum Weekend reagéiere wäert. Zil vun Israel wier et dem Iran ze schueden, awer keen ausgibege Krich auszeléisen
5. Ee Joer nom Ufank vun de bluddege Kämpf am Sudan hunn Däitschland a Frankräich haut een dréngenden Appell un déi international Gemeinschaft gemaach d‘Land am Nordoste vun Afrika dréngend ze ënnerstëtzen
Presentéiert vum
- Marlène Clement