Panorama
Owespanorama
13 min
1. D‘Chamberkommissioun iwwer d‘Héichwaasser de 6. Juni soll net ëffentlech iwwerdroe ginn. Dat kritiséieren déi gréng an engem Communiqué
2. Fir Verstéiss géint d'Déiereschutzgesetz bei der ALVA ze melle gouf elo eng Email-Adress ageféiert. Bis elo war dat just iwwer Telefon méiglech
3. Am Mount Abrëll hu 54 Persounen zu Lëtzebuerg eng Demande fir temporär Protektioun agereecht. 119 Persounen hunn eng Demande fir internationale Schutz gemaach
4. Zu Rafah koum et op en Neits zu Attacken. Déi zivil Defense an der Gazasträif schwätzt vun op d’mannst 21 Doudegen
5. Spuenien, Norwegen an Irland hunn haut de Staat Palästina unerkannt. Dat dänescht Parlament huet haut géint ee Gesetzesprojet fir eng Unerkennung vum Staat Palästina gestëmmt
Presentéiert vum
- Marlène Clement