Panorama
Owespanorama
13 min
1. Déi 25 Membere vun der Assemblée plénière vun der Chambre de Commerce sti fest. Haut goufen d’Resultater vun de Walen am Grupp Commerce verëffentlecht. Déi meeschte Stëmme krut de Fernand Ernster
2. D’DP-Fraktioun hätt gären Erklärungen zum Premier Luc Frieden sengen Aussoen iwwer d’Atomenergie d‘lescht Woch um Bord vum EU-Sommet zu Bréissel
3. De Weltsécherheetsrot huet haut fir eng éischte Kéier eng “direkt Wafferou” an der Gazasträif gefuerdert. D‘USA hu sech haut beim Vott enthalen an domat een Unhuele vun enger entspriechender Resolutioun méiglech gemaach
4. A Frankräich geet déi grouss ugekënnegt anti-Drogen-Operatioun weider. Bei Razzien zu Lille, Dijon, Lyon a Paräis wieren haut 187 Persoune festgeholl ginn, mellt de franséischen Inneministère
5. D‘EU-Kommissioun huet eng Prozedur géint Apple, Alphabet a Meta opgemaach. Et soll gepréift ginn, ob déi dräi amerikanesch Internet-Konzerner géint déi nei EU-Konkurrenz-Reegele verstouss hunn
Presentéiert vum
- Marlène Clement