Panorama
Owespanorama
12 min
1. Wéinst haislecher Gewalt gouf et zejoert iwwer 1.000 Policeinterventiounen. Dat ass eng Hausse vun iwwer 7 Prozent am Verglach mam Joer virdrun
2. Et gëtt kee Bedarf fir en onofhängegen Expertegrupp iwwer d’COVID-Pandemie anzesetzen. Dat sot d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez haut an der Froestonn un d’Regierung an der Chamber
3. Den Direkter vum Statec Serge Allegrezza geet dëst Joer am Oktober an d’Pensioun. Hien ass zanter 2003 Direkter vum Statistik-Institut
4. D‘Ursula von der Leyen soll EU-Kommissiounspresidentin bleiwen, mellen däitsch Medien. D‘Staats- a Regierungscheffe vun de groussen europäesche Parteifamillen hätte sech haut dorop gëeenegt
5. Den Europäesche Mënscherechtshaff verurteelt Russland wéinst Verstéiss géint d’Mënscherechter am Zesummenhang mat der Annexioun vun der Krim
Presentéiert vum
- Marlène Clement