Panorama
Owespanorama
13 min
1. Lëtzebuerg wëllt seng Contributioun fir d‘NATO eropschrauwen, sou wéi et am Koalitiounsaccord virgesinn ass, seet d’Verdeedegungsministerin Yuriko Backes
2. Déi Lénk geheien dem Claude Meisch Abus de pouvoir fir a fuerderen hien op, sech zréckzezéie bis et méi Kloerheet ronderëm de Sträit mat enger Fra an engem Restaurant gëtt
3. De François Georges soll komplett aus dem LCGB erausgehäit ginn, eng Prozedur géif an d‘Weeër geleet ginn, deelt d‘Gewerkschaft mat
4. An der Gemeng Péiteng waarden aktuell eng 450 Kanner op eng Plaz an enger Maison Relais
5. D‘EU-Kommissioun huet hir Konjunkturprognose fir d‘EU fir d‘3. Kéier hannert eneen no ënne revidéiert
Presentéiert vum
- Françoise Medernach