Panorama
Owespanorama
12 min
1. Verschidde Leit hätte beim Konsumenteschutz reklaméiert, well d’Bank ING hinnen ugekënnegt huet, datt hir Konten zougemaach ginn, esou am 100,7-Interview den ULC-President
2. Bei der UBS an dem Credit Suisse zu Lëtzebuerg solle bis zu 75 Plazen ofgebaut ginn, dat confirméiert d’Gewerkschaft Aleba op eis Nofro hin
3. De Grand Prix fir eng Lëtzebuerger Koproduktioun um Filmfestival zu Cannes wier net nëmmen eng Reklamm hei am Land, mee en eenzegaartegen Nationbranding fir de Lëtzebuerger Filmsecteur - dat seet de Kulturminister Eric Thill
4. Offiziell Visite haut vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj a Spuenien. Déi spuenesch Regierung huet der Ukrain militäresch Hëllef an Héicht vun enger Milliard Euro versprach
5. No enger israeelescher Loftattack gëschter zu Rafah koumen engem neie Bilan vun der palästinensescher ziviller Defense no 45 Zivilisten an engem Flüchtlingscamp vum UNO Hëllefswierk fir Palästinenser ëm d‘Liewen
Presentéiert vum
- Marlène Clement