Panorama
Owespanorama
11 min
1. D’Oppositioun an der Chamber steet der Noost-Politik vum Ausseminister weider gréisstendeels kritesch géintiwwer. Dat huet sech de Moien an enger Sëtzung vun der aussepolitescher Chamberkommissioun gewisen
2. Haut ass de Weltvëlo-Dag. An deem Kader hunn d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an den Tourismusminister Lex Delles nei Projete presentéiert
3. E Grupp vu Lëtzebuerger Artisten huet eng Petitioun lancéiert géint d‘ADR. Doranner ass et den Opruff, datt een op kee Fall d'ADR soll wielen
4. Zu Bukarest huet e Mann e Molotov-Cocktail op e Bürosgebai gehait, an deem déi israeelesch Ambassade dran ass. De Mann gouf festgeholl. Et soll kee gréissere Schued an och keng Blesséierter ginn.
5. Den Dän Magnus Cort Nielse wënnt déi zweet Etapp vum Critérium du Dauphiné. De Kevin Geniets gëtt den 89., de Bob Jungels den 98. an den Alex Kirch fiert als 143. iwwer d'Arrivée
Presentéiert vum
- Marlène Clement