Panorama
Owespanorama
11 min
1. Um Verwaltungsgeriicht war de Mëtteg den Optakt vum Prozess géint Amazon Europe. Den Online Händler mat Sëtz zu Lëtzebuerg wiert sech géint eng Geldstrof, déi déi national Dateschutzkommissioun CNPD am Juli 2021 decidéiert hat
2. Déi national Dateschutzkommissioun huet eng Online-Plattform lancéiert fir Alerten iwwer Dateschutzverstéiss. Den Alerte-System ass zanter dem 15. Dezember disponibel
3. Duerch déi kal Temperature wiere méi Leit an der Wanteraktioun um Findel. Déi maximal Capacitéit wier awer nach net erreecht, seet de Familljeministère
4. De Gabriel Attal gouf als neie franséische Premierminister nominéiert. Hien huet sech de Mëtteg am Matignon presentéiert a seng Ambitioune fir seng Amtszäit matgedeelt
5. Den Donald Trump stoung haut viru Geriicht zu Washington. De fréieren US-President wëllt d’Cour d’Appel dovunner iwwerzeegen, datt hien net wéinst dem Versuch, d’Walresultat am Joer 2020 ze kippen, ka bestrooft ginn
Presentéiert vum
- Marlène Clement