Panorama
Owespanorama
13 min
1. D'CSV huet hir Positioun a Punkto Atomkraaft an enger Chamberdebatt präziséiert. Wärend de leschte Woche gouf vill iwwert Aussoe vum Premier Lux Frieden zu der Atom-Energie diskutéiert.
2. D'LSAP huet an der Chamber opeeneits eng Verkierzung vun der Aarbechtszäit gefuerdert. Eng Enquête iwwert d’Qualitéit vun der Aarbecht huet erginn datt d’Salariéë méi Stonne schaffen, ewéi dat wat an hirem Kontrakt steet.
3. Den UNO-Generalsekretär António Guterres rifft Israel op d‘Grenzpassagen tëschent Rafah a Kerem Shalom direkt nees opzemaachen.
4. No den Iwwerschwemmungen a Kenia klëmmt d’Zuel vun den Doudesaffer elo op 238. 75 Mënsche gëllen nach als vermësst.
5. Haut den Owend decidéiert sech, ob Lëtzebuerg an déi grouss Finall vum Eurovision Songcontest kënnt. Um 9 Auer fänkt déi éischt Halleffinall un, bei där sech Lëtzebuerg géint 14 aner Länner duerchsetze muss.
Presentéiert vum
- Jacques Ganser