Panorama
Owespanorama
1. Am Dossier Ampacet steet ee kuerz virun engem “déblocage” vun der Situatioun, dat huet den Aarbechtsminister Georges Mischo de Mëtteg an der Chamber ugekënnegt
2. D’Zuel vun den Otemwee-Infektioune sinn am Moment op engem héiche Niveau, dat huet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez de Mëtteg op Nofro an de Chamber erkläert
3. “Eng éischt flott Ëffnung vum Vatikan”, esou bezeechent de Laurent Boquet vun der ASBL Rosa Lëtzebuerg d’Nouvelle vu gëschter vun der Kathoulescher Kierch, datt gläichgeschlechtlech Koppele kënne geseent ginn
4. D’Spidol al-Ahli Arab am Norde vun der Gazasträif ass net méi operationell, dat mellt d‘Direktioun vum Spidol. Déi israeelesch Arméi hätt d’Spidol gestiermt a Personal a Blesséierter festgeholl
5. Dat zwee Joer aalt Meedchen, dat zanter e Sonndeg den Owend an Däitschland zu Bingen a Baden-Würthemberg vermësst gouf, ass dout. De Moien hu Sich-Ekippen d'Kannerläich aus engem Floss gebuergen
Presentéiert vum
- Marlène Clement