Panorama
Owespanorama
11 min
1. D’Regierung huet haut verschidden Deeler vun der Baubranche als Branchen an der Kris erkläert. Dës Mesure gëllt vum 1. Februar un an elo emol fir sechs Méint
2. Nei Gentechnik: Ëmweltkommissioun am EU-Parlament stellt sech hanner Lockerung vun de Reegelen
3. Bei der däitscher Bunn huet de Streik vun de Maschinisten ugefaangen. Nach bis e Méindeg den Owend fueren an Däitschland vill Zich net. Bis dohi fueren och keng Zich méi iwwer déi däitsch-lëtzebuergesch Grenz
4. E russesche Militärfliger mat 65 ukrainesche Krichsprisonéier u Bord ass an der Regioun Belgorod, un der ukrainescher Grenz, erofgefall. Offiziellen Aussoen no hätt keen d‘Ongléck iwwerlieft
5. Am Tennis huet den däitschen Olympia-Gewënner Alexander Zverev et an Halleffinall vun den Australian Open gepackt. Hien huet sech haut zu Melbourne a véier Sätz géint de Spuenier Carlos Alcaraz duerchgesat
Presentéiert vum
- Maxi Pesch