Klassik Aktuell
Rising Star Mathis Stier an der Philharmonie
8 min
Zanter 2016 ass de Mathis Stier vu Münche Fagottist am WDR Sinfonieorchester. Am Kader vum Programm “Rising Star” vun der ECHO (European Concert Hall Organization) kennt hien elo och op Lëtzebuerg fir ee Concert. De 7. Mee spillt hien zesumme mam Akkordeonist Julius Shepansky an der Philharmonie op. Um Programm stinn nieft Musek vum Bach a Penderecki och Wierker vu méi onbekannten Nimm wéi Sumera a Boutry. De Mathis Stier verréit dem Marie Schockmel ënnert anerem wéi et zu dësem éischter ongewéinlechen Duo komm ass.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel