Klassik Aktuell
Rising Stars zu Diddeleng
6 min
Als Kand ass si net dacks an d’Kierch gaangen. Dunn huet si hir Passioun fir d’Uergel entdeckt an ass mëttlerweil Titulaire an 3 Kierchen. Am Kader vun der 5. Uergelnuecht spillt d’Lucie Dollat dëse Samschden zu Diddeleng. Si huet dem Marie Trussart ënner anerem verroden, wéi d’Uergel si deemools verzaubert huet a wat um Programm vum Concert steet. Deen ass de Samschden, de 14. Oktober um 8 Auer owes. Ënner dem Motto “Rising Stars” trieden 2 weider jonk Talenter an der Martinskierch. Informatiounen zum Programm fënnt een bei de Frënn vun der Uergel.
Presentéiert vum
- Marie Trussart