Klassik Aktuell
“Sans risque, pas de gloire”
10 min
“Sans risque pas de gloire” - dat ass d’Motto vun der Isabel Villanueva. Déi spuenesch Braatschistin huet als Kand fir d’éischt Gittar geléiert an och vill Concourse gewonnen. Wéi si dunn d’Braatsch héieren huet, war si wéi verzaubert vun deem déiwe waarme Klang. Hiert Markenzeechen als Musikerin ass et, verschidde Stiler mateneen ze vermëschen. Si spillt Concerten eleng an och zesumme mat Ensembelen an Orchestere weltwäit. Haut (24.1.) den Owend ginn et fir d‘Braatschistin direkt dräi Premièren - et ass hiren éischte Concert fir 2024, hiren éischte Concert zu Lëtzebuerg an och hir éischt Visitt hei am Land. D’Isabel Villanueva huet dem Marie Schockmel méi verroden.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel