Klassik Aktuell
/ Dem Jukka-Pekka Saraste seng Perspektiv op dem Shostakovich seng Musek
Dem Jukka-Pekka Saraste seng Perspektiv op dem Shostakovich seng Musek
13 min
Den Donneschteg (28.09.) dirigéiert de Jukka-Pekka Saraste d’Lëtzebuerger Philharmoniker an der Philharmonie an engem Concert mam Titel "Shostakovich in perspective". Um Programm stinn dem Dimitri Shostakovich seng véiert Sinfonie an och dem Gustav Mahler seng "Lieder eines fahrenden Gesellen". Firwat goufe grad dës zwee Wierker an engem Concertsprogramm kombinéiert?
De Christophe Mirkes huet sech gëschter virun der Prouf mam finneschen Dirigent an der Lobby vun engem Hotel getraff. Si hunn ënner anerem iwwer dem Jukka-Pekka Saraste seng Leidenschaft fir déi spéitromantesch Musek geschwat, an och iwwer de Choix vum Concertsprogramm. Natierlech wollt de Christophe als alleréischt vum Dirigent wëssen, wéi eng Perspektiv hien da selwer op de Shostakovich a seng véiert Sinfonie huet.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes