Physik ass relax
Steng am Gaart
9 min
D’Steng am Buedem schaffe sech lues a lues no uewen. Si ginn duerch allméiglech Beweegunge vum Buedem no uewe gehuewen, beim Schaffen am Gaart, duerch Gedéiesch, Reen a Frascht.
Et gëtt am Gaart méi Buedembeweegungen, wéi een op den éischte Bléck menge kéint. Wa gegruewen, gekappt a geplanzt gëtt, Onkraut gerappt gëtt, wann d’Wuerzele vun de Planze wuessen, wa bei Stuerm d’Planzen hin an hier beweegt ginn. Wann d’Gedéiesch am Buedem, Insektelarven, Wierm, Seechomessen, oder Mais, de Buedem liicht unhiewen, wann et reent oder wa genat gëtt, a wann et fréiert.
Wat da passéiert, héiert dir vum André Mousset.