Al Schanken
The Moody Marsden Band
60 min
De Bernie Marsden (07.05.1951-24.08.2023) stoung e Groussdeel vu senger Karriär an der zweeter Rei - als Matbegrënner a Gittarist vu Whitesnake, wou d’Medien an d‘Fans meeschtens de Sänger David Coverdale am Viséier haten. De Marsden ass, mam Coverdale, ë. a. de Komponist vum gréisste Whitesnake-Erfolleg “Here I Go Again”.
Nom Aus bei dëser Band huet hien, zesumme mam anere Gittarist vu Whitesnake, dem Micky Moddy, eng nei Formatioun gegrënnt: d’Moody Marsden Band, déi an den 90er Jore véier Albumen erausbruecht huet.
Bei eis läit den 1993er "Live In Hell" op ... d’Wuertspill drängt sech op: Hell ass eng kleng norwegesch Uertschaft bei Trondheim, wou d’Band en unplugged-Optrëtt hat.
1995 war d‘Moody Marsden Band, verstäerkt mam Deep Purple-Organist Jon Lord, Headliner beim Festival Rock um Knuedler.
Playlist:
1. The Rolling Stones - Like A Rolling Stone (Stripped, 1995)
2. The Moody Marsden Band - Spoonful (live) (Live In Hell, 1994)
3. The Moody Marsden Band - Here I Go Again (live) (Live In Hell, 1994)
4. The Stone Roses - Made Of Stone (The Stone Roses, 1989)
5. The Jesus and Mary Chain - Crazy (Automatic, 1989)
6. Lou Reed - Romeo and Juliette (New York, 1989)
7. Dandy Warhols - Godless (Thirteen Tales From Urban Bohemia, 2000)
8. Everlast - I Can’t Move (Eat At Whitey’s, 2000)
9. Calexico - Ballad Of Cable Hogue (Hot Rail, 2000)
10. The Moody Marsden Band - From Four Until Late (live) (Live In Hell, 1994)
11. The Moody Marsden Band - Rock n Roll Shoes (live) (Live In Hell, 1994)
12. The Rolling Stones – Under My Thumb (Aftermath, 1966