Klassik Aktuell
“Today is my birthday so I hope everybody comes”
10 min
De Sean Shibe feiert haut (27.2.) säin 32. Gebuertsdag - net a senger Heemecht zu Edinburgh, mee hei zu Lëtzebuerg. Den Owend spillt de schottesche Gittarist säin alleréischte Concert hei am Land, an der Philharmonie. Als Rising Star vun der European Concert Hall Organization (ECHO) presentéiert hien e ganz diverse Programm mat Barockmusek vum Bach bis minimalistesch Kläng vum Steve Reich. Déi spillt hien net nëmmen op der klassescher, mee och op der elektrescher Gittar. D'Marie Schockmel huet mam Museker, deen eng grouss Passioun fir d’Experimentéieren huet, geschwat.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel