Album vun der Woch
Torres: What an Enormous Room
4 min
10 Songs stinn dran, an deem risege Raum, déi d‘Mackenznie Ruth Scott, wéi dTorres mam gebiertegen Numm heescht, all selwer geschriwwen huet. Donieft séngt si, spillt Gittar, Bass, Synthesizer, Uergel, Piano, a programméiert Drums. D’Lidder si kuerz a wéi Konzentrater vun Emotioun, am ganze sinn dat um Enn just knapp 36 Minutte Musek. Mee wéi den Titel et scho seet gefält sech d’Plack an deem groussen Espace, deen sech uneegent, an Terme vu Sound genee wéi och an den immens selbstbewossten Texter. D’Fro war: Wéi grouss kann et kléngen?
Presentéiert vum
- Marc Clement