Iwwer d’Feierdeeg gëtt gäre mol e Patt gedronk. Wéini kann Alkohol zum Problem ginn? Wat sinn d’Unzeechen, a wéi kann ee Familljememberen oder Frënn op dat eventuellt problematescht Verhalen uschwätzen?
D'Psychologin, Psychotherapeutin an Direktesch vum Therapiezenter zu Useldeng Dr. Claude Besenius gëtt Äntwerten.