D'Leit, déi an der Géigend vu Risikogewässer, wéi der Musel, der Uelzecht oder der Sauer wunnen, sinn op Iwwerschwemmungen duerch Héichwaasser sensibiliséiert. Ëmmer méi Iwwerschwemmunge ginn awer och duerch Staarkreenevenementer registréiert. Wat kann ee bei Iwwerschwemmunge preventiv ënnerhuelen, a wou fënnt een Informatiounen iwwer méiglech Iwwerschwemmungsgebidder?
Dat verréit de Claude Meisch, Chargé d'études vum Service Hydrologie vum Waasserwirtschaftsamt am Gespréich mam Tessy Steffen Koenig.