Klassik Aktuell
... auf die Harmonie gesetzt ...
12 min
De Beethoven huet en Oktett fir Bléiser geschriwwen an dee steet um Programm vum Concert des Enseignants vum Escher Conservatoire, den 3.Februar. De Prokofiev ass mat enger fir Bléiseroktett adaptéierter Fassung vun der Suite vu sengem bekannte Ballet “Romeo und Julia” vertrueden.
Dat lescht Wierk um Programm ass vun engem manner bekannte Komponist, dem Ludwig Thuille (1861-1907), en éisträichesche Spéitromantiker. Gespillt gëtt säi Sextett, op.6 fir Piano a Blosquintett. E Wierk, an deem ee méi Aflëss eraushéiert.
De Christophe Mirkes huet bei der Pianistin Lynn Orazi a beim Hautboist Jean-Paul Hansen nogefrot, wat dëse Repertoire ausmécht.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes