Klassik Aktuell
'many people don't even know it exists'
7 min
Den Ottorino Respighi huet 2 Concertoe fir Piano an Orchester geschriwwen. Dorënner een 'in modo misolidio'. Dëse Pianosconcerto gehéiert zu deenen onbekannte Wierker vum italieeneschen Impressionist an dofir kritt een en och bal guer net an de Concertshaiser ze héieren.
Den Olli Mustonen féiert dëse Concerto den 13. Mee 2024, zesumme mat de Solistes Européens, Luxembourg ënnert der Leedung vum Christoph König op. De Christophe Mirkes huet sech mam finnesche Pianist iwwert dëse 'Concerto in modo misolidio' vum Ottorino Respighi ënnerhalen. E grousst Wierk vun deem och Leit am Ëmfeld vum Olli Mustonen net woussten, datt dëse Concerto géif existéieren.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes