Radioen

On air

Concert  |  Kammermusek fir den Ouschterbrunch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Xavier Bettel hofft op “staark amerikanesch Äntwert”

No russescher Attack op ukrainesch Stad Sumy

Xavier Bettel hofft op “staark amerikanesch Äntwert”

D’EU-Ausseministere verurteelen déi russesch Attack op déi ukrainesch Stat Sumy am Nordoste vum Land schaarf. Et géif sech em eng eesäiteg Attack vu Russland handelen, elo wier eng kloer Reaktioun vun den USA gefrot, sou den Ausseminister Xavier Bettel. Hien huet och seng Visite zu Kiew “an de nächste Wochen” annoncéiert.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

De European Convention Center Luxembourg (ECCL) vu baussen | © European Commission play_arrow
De European Convention Center Luxembourg (ECCL) vu baussen (Foto: European Commission )

“Hei goufen Zivilisten ëmbruecht, an enger grousser Zuel”, sou d’Reaktioun vum Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel op déi russesch Attack op d’Stat Sumy am Nordoste vun der Ukrain. D’Ukrainer hätte bewisen, datt si alles maache fir Fridden ze kréien. Dorop hätt bis elo een net geäntwert, an dat wier Russland, sou de Xavier Bettel, deen sech elo och eng staark amerikanesch Äntwert erhofft.

Am Gespréich, wat ech virun e puer Deeg mam amerikaneschen Ausseminister hat, huet hie gesot, datt den Här Trump ongedëllegt wier. Ech hoffen, datt dann eng Kéier seng Ongedold och eppes Positives kann um Terrain bréngen. En huet gesot, e géif net ewech kucken. Dat heiten ass nees eng eesäiteg Attack vu Russland an ech hoffen, datt och do eng staark amerikanesch Äntwert kënnt.

D’Attack op d’Stad Sumy hätt gewisen, datt Russland kee Fridde wëllt. Dat steet fir déi meescht, déi um Kierchbierg zesummekomm sinn, fest. Dorënner d’Annalena Baerbock, déi bei hirem leschte Conseil derbäi ass, als däitsch Ausseministerin, ier zu Berlin déi nei Regierung forméiert ass.

"Dieser furchtbare Angriff auf Sumi macht deutlich, dass der russische Präsident weiter die Ukraine vernichten will und damit weiter den europäischen Frieden angreift. Damit ist klar, wer Frieden will, muss die Ukraine schützen, muss sie unterstützen."

Militärhëllef a Sanktioune solle verstäerkt ginn

An der EU gëtt den Ament un engem Plang geschafft, fir der Ukrain méi Munitioun ze liwweren. Am Ganze soll et ëm zwou Millioune Schoss vu groussem Kaliber goen. Däitschland stellt dovun ee Véierel zu Verfügung, esou d’Annalena Baerbock.

De Weekend hat den zukünftegen däitsche Kanzler Friedrich Merz gesot, hie géif zu sengen Aussoen aus dem Walkampf stoen, datt Däitschland prett wier, Taurus-Laangstrecke-Missilen ze liwweren. Dat misst ënner den Alliéierten ofgestëmmt ginn, esou de Futur-Kanzler.

17. Sanktiounspak an Diskussiounen 

D'EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas sot dozou, all Land géif maache, wat et kann.

“Ma de Message ass kloer, datt mir méi maache mussen, fir datt d’Ukrain sech verteidege kann a keng Ziviliste méi stierwe mussen.” 

D’EU muss esou séier ewéi méiglech den nächsten, de 17. Sanktiounspak, géint Russland op de Wee bréngen, ënnersträicht de litauesche Verdeedegungsminister Kestutis Budrys.

"Mat alle Secteuren, déi am 16. Pak net dra waren: Also LNG, Rossatom, an individuell Sanktiounen."

Genee dee Pak steet op dëser Reunioun an der Diskussioun. Déi Gespréicher stinn awer nach um Ufank. D’Kommissioun kéint dee Pak séier preparéieren, esou hat et am Virfeld aus diplomatesche Kreesser geheescht. Et soll do och ëm d’Ëmgoe vun de Sanktiounen ënner anerem vu China goen.

Xavier Bettel: Ukrain-Hëllef soll op Kiew-Visitt an de nächste Woche besprach ginn

Zur Lëtzebuerger Positioun zu deem Pak wollt den Ausseminister net vill verroden. “Mir hunn eis nach ni géint ee Sanktiounspak gestallt”, sou de Xavier Bettel. 

Och déi weider Lëtzebuerger Contributioun zur militärescher Hëllef fir d’Ukrain steet nach net fest. Hie géif “an deenen nächste Woche méiglecherweis op Kiew fueren”, an do mat den ukraineschen Uspriechpartner kucken, “wéi een hinnen nëtzlech” kéint sinn. Wann nei finanziell Enveloppë gebraucht ginn, “dann ass dat eng politesch Decisioun, déi d’Regierung huele muss”, sou den Ausseminister.

Lauschterenplay_arrow