arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 1.700 Mënsche setze fest: Verdacht op Epidemie vum Noro-Virus op Croisièresschëff

Bordeaux

|
reading time

1 min

1.700 Mënsche setze fest: Verdacht op Epidemie vum Noro-Virus op Croisièresschëff

Iwwer 1.700 Persounen sëtzen op engem Croisièresschëff zu Bordeaux a Quarantaine, nodeems e Passagéier gestuerwen ass a weider Leit krank sinn. Et besteet de Verdacht op eng Epidemie vum Noro-Virus, deen extrem ustiechend ass.

reading time

1 min

D‘Doudesaffer ass ee Mann vun 90 Joer. Eng 50 weider Passagéier hätte Symptomer vun deem Mo-Daarm-Virus.

Déi meescht Passagéier u Bord si Britten an Iren. D‘Croisièresschëff ass gëschter Owend zu Bordeaux ukomm a sollt a Spuenie weiderfueren. 

Dat, nodeems virun zwou Wochen op engem Croisièresschëff den Hanta-Virus ausgebrach war. Dobäi sinn dräi Mënschen ëm d'Liewe komm, eng sëllegen hu sech infizéiert. D'WHO geet net dovun aus, datt sech dee Virus nach weider verbreede kéint, esoulaang déi Betraffe sech un d'Quarantänsreegelen halen.