Radioen

On air

Tockcity  |  Antony Szmierek - Crashing Up

play_arrow Live
search

/ 10-Punkte Plang fir Start-ups unzelackelen an ze ënnerstëtzen

Wirtschaft

10-Punkte Plang fir Start-ups unzelackelen an ze ënnerstëtzen

De Wirtschafts-an de Finanzminsitère wëlle Start-Ups an Entreprisen, déi schonn ee Schratt méi wäit sinn (Scale-ups), an Zukunft méi geziilt ulackelen a finanziell ënnerstëtzen. Déi zwee zoustänneg Ministere Lex Delles a Gilles Roth hunn de Méindeg een 10-Punkte Plang presentéiert.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

De Finanzminister Gilles Roth an de Wirtschaftsminister Lex Delles | © MECO play_arrow
De Finanzminister Gilles Roth an de Wirtschaftsminister Lex Delles (Foto: MECO)

 Et handelt sech dobäi ënner anerem ëm Steiervirdeeler an ëm Mesurë fir jonk Entreprisen ze kapitaliséieren. 

Lëtzebuerg soll fir Jonk Entreprisë méi interessant ginn. Dofir muss een hinnen dat bidden, wat si brauchen, esou d’CSV-DP-Regierung: Start-ups, also Neigrënnungen a Scale-Ups, also Entreprisen, déi scho bestinn an sech wëlle weider entwéckelen, brauche virun allem Kapital, erkläert den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles.

Verhënneren, datt d'Entreprisen op een anere Marché wiesselen

Vill där Entreprisen, déi sech zu Lëtzebuerg oder an Europa entwéckelt hunn, géifen op de Marché an den USA oder an Asien wiesselen, wann et bis ëm d'Kapitaliséierung vun de Betriber geet. 

Fir dat ze verhënneren an deenen Entreprisen d‘Méiglechkeet ze ginn hirt Kapital zu Lëtzebuerg ze fannen, soll d‘Finanzplaz op hir eegen Instrumenter zréckgräifen, erkläert de Finanzminister Gilles Roth.

SINCI wäert 300 Milliounen Euro zur Verfügung hunn

D’Regierung wëll och Talenter unzéien an déi behalen déi do sinn. Dofir soll en Talent Desk geschafe ginn: Eng eenzeg Ulafplaz also fir déi Leit, déi zu Lëtzebuerg wëllen aktiv ginn.

Weider wëll d’Regierung geziilt méi Entreprisen aus dem Beräich Fintech, also Finanz Technologien, a Kënschtlecher Intelligenz unzéien. 

Fir dës Entreprisë beim Investissement a bei de Prêten ze ënnerstëtze wäert d‘société nationale de crédit et d‘investissement SNCI an de nächste fënnef Joer 300 Milliounen Euro zur Verfügung hunn. 

Lauschterenplay_arrow