arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 106.000 Leit solle vum nächste Joer u vum Complément de vie chère profitéiere kënnen

National

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

106.000 Leit solle vum nächste Joer u vum Complément de vie chère profitéiere kënnen

Mam neie Complément de vie chère solle verschidde bestoend Hëllefen zesummegefouert, respektiv ersat ginn. Den Accès soll och vereinfacht ginn. An der Chamber-Familljekommissioun huet de Familljeminister Max Hahn erkläert, datt de Staat fir déi Hëllef mat ronn 184 Milliounen Euro d’Joer rechent.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Suen am Portmonni | © picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb
Suen am Portmonni (Foto: picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb)

Parallel zum Complément de vie chère soll och de System, wann een Elterendeel déi geriichtlech festgeluechten Ënnerhaltszuelung fir d’Kand net bezilt, reforméiert ginn.

Dee Falsche géif finanziell gestrooft ginn

déi gréng haten d’Diskussioun ugefrot an eng méi aktiv Roll vum Staat gefuerdert. Fir déi betraffen Eltere gouf et eng konkreet Annoncë vum DP-Familljeminister. De Max Hahn wëllt de bestoende System vereinfachen a méi gerecht maachen an domat d'Hürde fir elengerzéiend Persounen ofbauen.

Bis elo kann den FNS, de Fonds national de solidarité, ënner bestëmmte Konditiounen asprangen an d’Ënnerhaltszuelung avancéieren.

"Ech brauch heifir keen neit Instrument. Ech mengen, ech hunn de Fonds national de solidarité, dee genau dat dote mécht."

Eng elengerzéiend Persoun géif den Ament heefeg eng Hypothéik agedroe kréien. Dat wier awer net richteg, seet de Max Hahn. Dës misst een bei dem Elterendeel, dee seng Ënnerhaltszuelungen net bezilt, usetzen, an net bei deem, deen d'Sue kritt.

Elengerzéiend Persounen entlaaschten

Déi administrativ Hürden aus dem aktuelle System wëllt de Minister ofbauen. De Fonds national de solidarité soll dofir an Zukunft eng méi aktiv Roll iwwerhuelen a sech ëm Aufgabe këmmeren, déi haut nach bei der elengerzéiender Persoun leien. De Gesetzesprojet fir d’Reform wëllt de Max Hahn am éischten Hallefjoer 2027 deposéieren.

déi gréng haten d’Diskussioun iwwer d’Ënnerhaltszuelungen ugefrot. D’Djuna Bernard begréisst, datt de Minister de System reforméiere wëllt. Dat wier ëmsou méi wichteg, well ausbleiwend Suen de Risiko vun Aarmut bei elengerzéiende Famillje kënne verschäerfen. 

"Et si ganz, ganz vill Situatiounen, wou Alimenter net ausbezuelt ginn, trotz engem Geriichtsurteel, a wou oft dat eng extreem Belaaschtung ass op de Schëllere vun deene Monoparentauxen, déi d’Kand en charge hunn."

Richtung vum Minister stëmmt

Déi gréng Politikerin seet weider, si wier der Meenung, et dierft net ofhängeg dovunner sinn, wéi vill Kraaft an Energie een huet, fir "streiden ze goen a sengem Ex-Partner nozelafen". De Staat misst hei eng vill méi aktiv a verantwortungsvoll Roll iwwerhuelen.

D’Djuna Bernard hat an deem Zesummenhang op de franséische Modell verwisen, wou eng ëffentlech Struktur als Intermediaire tëschent den Elteren agräift, wann eng Säit den Ënnerhalt net bezilt.

Ob a wéi wäit de Lëtzebuerger Gesetzesprojet an déi Richtung geet, wëllt d'Djuna Bernard réischt kommentéieren, wann de konkreeten Text virläit. D’Richtung, déi de Minister elo ugekënnegt huet, stëmmt fir si awer.

play_arrow Lauschteren