An Zäiten, wou et ëmmer méi Krise géife ginn an d'Situatioun duerch e Manktem u Multilateralismus ëmmer manner gutt géif ginn, bréicht een d'EU als vertrauensvolle Partner, esou de Xavier Bettel.
Grondsätzlech Prinzipie géifen net méi agehale ginn
130 arméiert Konflikter wieren den Ament uechtert d'Welt amgaangen. Dat sinn der esou vill wéi zënter dem Zweete Weltkrich net méi, esou d'EU-Kommissärin Hadja Lahbib. Bei deene Konflikter géifen och ëmmer méi grondsätzlech Prinzipien net respektéiert ginn.
"Des principes aussi simples qu'on ne tire pas sur une école, on ne tire pas sur des enfants, on ne tire pas sur un hôpital. Aujourd 'hui, regardez autour de vous, allumez la télé, écoutez la radio, voyagez un petit peu en tant que journaliste et vous verrez que ça se passe partout."
Honnerte Millioune Mënsche wiere wéinst de Konflikter op der Flucht, a sinn deelweis an humanitären Noutsituatiounen, wéi beispillsweis am Libanon.
"Des gens qui ont dû fuir les combats dans le sud et qui sont réfugiés dans le nord. Et quand on voit le niveau de destruction dans le sud, une cinquantaine de villages complètement détruits. 1,2 million déplacés, des enfants que j'ai vu qui sont dans des situations extrêmement graves au niveau de leur santé, des blessés graves."
Enn vun dësem Mount wëllt d'EU een humanitären Aktiounsplang vistelle fir méi effikass um Terrain ze schaffen, esou d'EU-Kommissärin.
Gemeinsam akafen
Op verschidde Punkte misst op europäeschem Niveau nach méi enk zesummegeschafft ginn, esou de Xavier Bettel, beispillsweis bei der Informatik oder nach de Satelliten. Awer och beim Akaf vu Material.
"Wat ee méi bestellt, wat et méi bëlleg kéint ginn a wat ee méi zesumme kann op ee Stockage maachen. Da brauch ee keng zwee Stockagen, dat gëtt och méi bëlleg. Dat heescht, Effikassitéit och an der humanitärer Hëllef. Wat net vu Muttwëll ass."
De Xavier Bettel huet och nach eng Kéier op d’Ënnerstëtzung vun der EU bei de Rapatriementsvolen nom Ufank vum Krich am Iran higewisen. Dat wier ee weidert Beispill dofir, wéi wichteg d’Zesummenaarbecht tëschent allen EU-Memberlänner ass.
Gläichzäiteg huet hien der EU-Kommissärin Hadja Lahbib och d'Lëtzebuerger Engagement zougeséchert.